Muerten- Orangen- Zopp (mat iwwerbakenem Kéisbrout)
Muerten- Orangen- Zopp (mat iwwerbakenem Kéisbrout)
mëttel
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Wat brauch ech fir d'Zopp?
- ½ Zwiwwel
- 400 Gramm Muerten
- 30 Gramm Cashewkären
- 1 El Rapsueleg
- 600 ml Geméisbritt
- 1 Orange
- 1 Pr gemuelen Naturvanille
- 1 Tl Hunneg
- Salz
© Edith Gätjen, Stephanie Fromme (UGB Akademie)

Preparatioun:
- D’Ënne schielen a wierfelen. D’Muerte wäschen, botzen an a graff Stécker schneiden. Zesumme mat den Ënne souwéi mat de Cashewkären an dem Rapsueleg undënsten. Mat der Geméisbritt läschen an 8 Minutte gäre loossen.
- D’Orange wäschen an 1- 2 Msp. Orangëschuelen ofreiwen. D’Orange dono sou schielen, dass déi wäiss Haut komplett fort ass. D Fruuchtfleesch a Stecker schneiden a bei d’Zopp ginn.
- D’ Naturvanille, den Hunneg an d’Salz dobäi ginn an alles cremeg püréieren. Nach eng Kéier ofschmaachen.