Nuddelszalot
Nuddelszalot
einfach
45 min.
15 Persounen
Wat brauch ech?
- 1 kg Nuddelen
- 2 Courgetten
- 2 Paprika
- Geméisbritt
- 2 Glieser Mais
- 16 Kiischtentomaten
- 2 Ennen
- 2 Knuewelekszéiwen
- Ueleg an Esseg
- Peffer & Salz
- Moschter

Preparatioun:
- Kach d’Nuddelen an e wéineg gesalztem kachendem Waasser.
- Schneit d’Courgetten an de Paprika a kleng Wierfelen.
- Schneit d’Ennen an d’Knuewelekszéiwe kleng.
- Brot dat virdru geschniddent Geméis mat der Geméisbritt kuerz am Wok un.
- Schneit d’Tomate kleng.
- Maach d’gekachten Nuddelen, d’Courgetten, d’Paprika, de Mais, d’Kiischtentomaten, d’Ennen an d’Knuewelekszéiwen an eng grouss Schossel.
- Vermësch fir d’Vinaigrette den Ueleg an den Esseg mam Moschter.
- Salzen a Pefferen.