Paangecher mat Bottermëllech
Paangecher mat Bottermëllech
mëttel
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 60 g Zocker
- 5-6 Eeër
- 1 Liter Bottermëllech
- 500 g Miel
- e bëssche Salz
- 8 Iessläffel Waasser

Preparatioun:
- D'Eegiel an d'Eewäiss vuneneen trennen.
- D'Eegiel mam Zocker vermëschen a schaumeg schloen.
- Ofwiesselnd Bottermëllech a Miel dobäi ginn a gutt matenee vermëschen.
- Salz am Waasser opléisen a bei den Deeg ginn.
- D'Eewäiss zu Schnei schloen an ënnert den Deeg hiewen.
- D'Paangecher an der Pan baken.