Pastaschutta
Pastaschutta
mëttel
60 min.
2 Persounen
Wat brauch ech?
- 500 g gemëschten Gehacktes
- 2 Ënnen
- Knuewelekszéiwen
- Geméis:Zucchini, Lauch, Zellerie,frëschTomaten
- Péiterséileg, Thymian a Rosmarin
- 1 grousst Glas geschielten Tomaten
- 2 kleng Glieser Tomatemuerg
- 500 g Spaghetti
- 2 Bouillonswierfel
- Saz a Peffer
- Olivenueleg
- Herbes de Provence

Preparatioun:
- Wäsch d ‘Geméis, schiel an schneis d ‘Ënnen an d ‘Knuewelekszéiwen.
- Gehacktes , Ënnen, Knuewelek, Salz, Peffer, Herbes de Provence vermëschen.
- Olivenueleg am Kachdëppen erhëtzen.
- Gehacktes ubroden an mat engem Kachläffel (grimmeleg) zerdrécken.
- Gëff d ‘Geméis dobäi an looss et 5 Minutten broden.
- Gëff Geschielten Tomaten, Tomatenmuerg an 1 L Waasser dobäi.
- Zougedeckt ongeféier eng halew Stonn kachelen loossen.
- Kach d’ Spaghetti an Salzwaasser.