Pesto Lasagne
Pesto Lasagne
einfach
70 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 250 g Lasagnenblieder
- 500 ml Béchamelzooss
- 200 g Pesto
- 250 g Provola
- 60 g Parmesan
- Salz

Preparatioun:
- Looss d’Lasagneblieder e puer Minutten an Salzwaasser kachen.
- Lee se dono op en Cottengsduch fir dass se dreschnen.
- Besträich de Buedem vun der Bakform mat Béchamelzooss.
- Breet eng éischt Schicht vun de Lasagneblieder an enger Bakform aus sou dass se sech iwwerlageren.
- Besträich déi eischt Schicht mat Béchamelzooss a Pesto.
- Dorop kennt kleng gematen Provola a geriwwene Parmesan Kéis.
- Maach nach eng zweete Schicht Lasagne, Béchamelzooss, Pesto, Provola a Parmesan drop.
- Dat ganzt gëtt mat enger leschter Schicht Lasagneblieder bedeckt.
- Vermësch de Pesto mat der Béchamelzooss sou dass eng Crème entsteet an besträich domat d’Lasagne.
- Verdeel de Rescht Parmesan nach drop.
- Bak d’Pesto Lasagne fir eng hallef Stonn bei 190°C bis dass d’Zooss gratinéiert.
- Looss d’Lasagne virum zerwéieren ofkillen.