Rëndsragout
Rëndsragout
einfach
120 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 700 g Rëndsfleesch (vun der Schëller oder dem Hals)
- 2 Wuerzelen
- 1 rout an 1 giel Paprika
- 1 klenge Kapp Zelleri
- ¼ L Routwäin (oder Waasser)
- 1 Cube fir ½ L Britt
- Salz
- Peffer
- 1 Enn
- Miel
- Tomatepüree
- Ueleg

Preparatioun:
- D’Geméis wäschen, d’Wuerzelen an de Kapp Zelleri schielen, d’Paprika kleng schneiden an d’Kären eraushuelen. Alles kleng schneiden. D’Enn schielen an a kleng Wierfele schneiden.
- D’Fleesch a Cube schneiden. Den Ueleg an engem Dëppe hetzen an d’Fleesch brong ubroden. Die kleng geschnidden Enn bei d’Fleesch ginn. 2 Iessläffel Tomatepüree an 1 Iessläffel Miel aréieren. De Routwäin an d’Britt dobäi schëdden. Dat Ganzt opkache loossen.
- D’Geméis an d’Dëppe ginn an den Deckel drop maachen. Bei 160 Grad 90 Minutten am Uewe schmore loossen. Mat enger Forschette probéieren ob d’Fleesch mell ass.