Rubarb- oder Quetschestreisel
Rubarb- oder Quetschestreisel
einfach
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 5 Staange Rubarb oder 1 Kilo Quetschen
- Botter
- Miel
- Zocker

Preparatioun:
- Rubarb schielen an a kleng Wierfele schneiden oder Quetsche wäschen, d’Steng eraushuelen an a kleng schneiden.
- Friichten an eng gebottert feierfest Form ginn a mat engem Iessläffel Zocker bestreeën.
- 100 gr Miel, 100 gr Zocker a 60 gr Botter mat den Hänn zu engem Streisel vermëschen. Streisel iwwert d’Friichte verdeelen.
- Am Schäffche bei 190 Grad 20 Min. baken.