Séissgromperen Gromperekichelcher
Séissgromperen Gromperekichelcher
einfach
Wat brauch ech?
Fir d’Gromperekichelcher:
- 6 Séissgromperen (ongeféier 1,8 kg)
- 6 mieleg Gromperen (ongeféier 900g)
- 6 kleng Ennen
- 3 Tl Salz
- 6 Eeër
- 12 El Miel
- 3 Tl frësche Rosmarin, gehaen
- Peffer
- Sonneblummenueleg
Fir ze zerwéieren:
- 12 El Quark
- 9 Tl Raifortpaste
- Äppelkompott

Preparatioun:
- D’Séissgromperen, d’Gromperen an d’Enne schielen a mat Hëllef vun enger Kichenmaschinne raaspelen. Mat Salz wierzen an an e Sift ginn, sou vill Flëssegkeet wie méiglech erauspressen.
- An eng Schossel ginn a mat den Eeër, Miel, Rosmarin vermëschen a mat Peffer wierzen. Alles gutt vermëschen.
- Ueleg an eng Pan ginn, sou dass de Buedem komplett bedeckt ass an erhëtzen. Den Ueleg ass waarm genuch, wann et brutzelt wann een e wéineg Gromperenraspel dra mëscht.
- Läffelsweis Gromperendeeg an d’Pan ginn an zu ronne Puffer formen. D’Puffer vun all Säit 3 Minutte broden. Dann aus der Pan huelen an op engem Teller mat Kichepabeier ofdrëpsen loossen.
- Virum Zerwéieren de Quark mat der Raifortpaste vermëschen a mat Salz a Peffer wierzen.
- D’Gromperenkichelcher mat der Raifortpaste an dem Äppelkompott zerwéieren.