Poulet-Wrap
Poulet-Wrap
einfach
30 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Sauce Guacamole:
- 1 mell Avocado
- 1 Zitroun
- Zocker
Chicken-Wraps:
- 2 Wraps
- 250 g Poulet
- 1 Ënn
- 1 Paprika
- 1 Courgette
- 1 kleng Dous Mais
- 1 Tomat
- Zalot
- Crème fraîche
- Sesamkäeren

Preparatioun:
- Virbereedung „Sauce Guacamole“: Eng mell Avocado opschneiden, ausläffelen a mam Jus vun enger ausgepresstener Zitroun en e bësschen Zocker tripsen. Fäerdeg ass d'Sauce Guacamole.
- Geméis schneiden: Tomat, Zalot, Courgette, Paprika an Enn schneiden. De Poulet a Sträife schneiden.
- Geméis ubroden: Poulet mam Peffer a Salz wierzen a an der Pan ubroden. Sesam driwwer streeën. Dat Ganzt op d'Säit stellen an d'Ënnen, de Paprika an d'Courgette an der Pan liicht ubroden.
- Alles um Wrap verdeelen an zesummeklappen.