Schokela-Orange Muffins
Schokela-Orange Muffins
einfach
90 min.
15 Persounen
Wat brauch ech?
Fir de Schockelasdeeg:
- 40 g Miel
- 90 g Zocker
- 90 g mëlle Botter
- 2 Eeër, d’Eewäiss vum Eegiel getrennt
- 75 g geschmolte Schockela
Fir den Orangen-Deeg:
- 190 g Miel
- 150 g Zocker
- 1 Pak Vanill-Zocker
- 1,5 Kaffisläffel Bakpolver
- 170 g mëlle Botter
- 3 Eeër, d’Eewäiss vum Eegiel getrennt
- Schuel vun 2 Orangen
Preparatioun:
- De Botter mat dem Zocker kräfteg schloe bis datt e schéi cremeg ass.
- D’Eewäiss zu Eeschnei schloen.
- D’Botter-Zocker-Crème mat den Eegiel, dem Miel, dem geschmolte Schockela mëschen a ganz zum Schluss den Eeschnei ënnerhiewen.
- Botter mat dem Zocker a Vanill-Zocker kräfteg schloe bis datt e schéi cremeg ass.
- D’Eegiel vum Eewäiss trennen an d’Eegiel mat der Botter-Zocker-Crème vermëschen. D’Eewäiss zu Eeschnéi schloen.
- Miel, Bakpolver an d‘Orangëschuel mat der Crème vermëschen. Ganz zum Schluss den Eeschnei ënnerhiewen.
- Den Orangen-Deeg op Muffinsformen opdeelen (bis zur Halschent fëllen).
- De Schockela-Deeg op dem Orangen-Deeg verdeelen.
- Am Schäffche 15-20 Minutte bei 210°C baken.
