Spaghetti Carbonara
Spaghetti Carbonara
einfach
15 min.
3 Persounen
Wat brauch ech?
Fir d’Nuddele ze kachen:
- graft Salz (fir d’Nuddelwaasser)
- Waasser
- e grousst Dëppe
Fir d’Carbonara-Zooss:
- 4 Eeër
- 4 Iessläffel Ram
- 150 g Speck
- 3-4 Zoppeläffel Parmesan
- bësse gemuele Muskot-Noss
- Peffer

Preparatioun:
- Waasser an dat grousst Dëppe fellen, op d’Kachplack stellen an un d’Kache bréngen.
- Salz an dat kachend Waasser maachen.
- Soubal d’Waasser kacht, d’Spaghetti an d’Waasser schëdden a bei oppenem Deckel al dente kachen. Fir datt d’Nuddelen am Waasser net uneneen oder um Buedem upeschen, heiansdo am Dëppe réieren.
- Déi fäerdeg Nuddelen an engem Sift ofschëdden a nees an Dëppe maachen.
- Fir datt se net uneneen peschen, e bëssche Botter oder Ueleg ennermëschen.
- D’Eeër opklappen an opschloen. Mat dem Parmesan mëschen a Peffer a Muskot wierzen.
- De Speck an der Pan knuspereg broden.
- D’Eeër-Mëschung an de Speck iwwert dei färdeg Nuddele schëdden an alles gutt vermëschen.
- Mat Parmesan a Peffer zerwéieren.