Tortilla
Tortilla
einfach
30 min.
12 Persounen
Wat brauch ech?
- 100 g Maismiel
- 100 g Weess- oder Denkelvollkärmiel
- 1 Tl Salz
- 1 El Olivenueleg, nativ
- Ca. 120 ml wootlech Waasser

Preparatioun:
- D’Maismiel an d’Weess- oder d’Denkelvollkärmiel mam Salz mëschen. Mam Olivenueleg souwéi mam Waasser verréieren an zu engem geschmeidegen, mellen Deeg knieden.
- Den Deeg mindestens 20 Minutte quelle loossen (oder iwwer Nuecht).
- Ganz dënn Fladen (Duerchmiesser ca. 15 cm) ausrullen an des an enger Pan ouni Fett bei héijer Temperatur ca. 1 Minutt ob all Säit baken.