Uebst Taart
Uebst Taart
einfach
5 Persounen
Wat brauch ech?
Fir de Mierfdeeg:
- 140 g Miel
- 70 g Zocker
- 110 g Botter
- 2 Eegiel
- 1 Prise Salz
Fir de Goss:
- 15 g Speisestärke
- 250 ml Friichtejus
- 1 Sprutzert Zitrounejus
- E wéineg Pudderzocker

Preparatioun:
- Alleguer d’Liewensmëttel fir de Mierfdeeg zesummen an enger Schossel knieden.
- De fäerdegen Deeg zu enger Kugel formen an am Frigo roue loossen.
- No enger gudder hallwer Stonn den Deeg aus dem Frigo huelen, ausrullen an an d’Taarteform leen.
- Mat enger Forschette an de Buedem vun der Taart drécken sou dass kleng Abuchtungen entstinn.
- Bei 200°C Grad fir 10 bis 15 Minutten am Uewe baken.
- Wann d’Taart ofgekillt ass kann se no Loscht a Laun mat dem verschiddensten Uebst beluecht ginn.
- Fir de Goss einfach all d’Liewensmëttel matenee mëschen an erhëtzen sou dass dat Ganzt méi déckflësseg gëtt.
- De Goss iwwert déi beluechten Taart géissen an e wéineg an de Frigo stelle fir dass de Goss ofkillt a mei fest gëtt.