Wuerzelsmousse
Wuerzelsmousse
mëttel
60 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
Fir d’Wuerzelsmousse brauch ech:
- 4 Wuerzelen
- 200 ml Mëllech
- ½ Vanillestang
- 100 g Zocker
- 2 Eewäiss
- 40 g Hunneg
- 2 Blieder Gelatine
- 150 g Ram
- 4 Scheiwe Brout

Preparatioun:
- Wuerzelen schielen an a fäin Scheiwen schneiden, dono an der Mëllech mat der halwer Vanillestang mell kachen an püréieren.
- Eewäiss an den Zocker zu Eeschnéi schloen. D’Ram zu Schlagsahn schloen.
- Déi 4 Broutscheiwen mat Hunneg besträichen, am Uewen toasten.
- Eeschnei virsiichteg ënnert den Wurzelspüree hiewen. Schlagsahn dobäi ginn a mëschen.
- Broutscheiwe mat engem ronne Bakrenk ausstiechen an als Buedem am Bakrenk stiechen loossen. D’Wurzelsmousse op d’Broutscheiwen an den Bakrenk ginn an am Frigo ongeféier 2 Stonnen roue loossen.
- D’Form virsiichteg unhiewen a mat dem Coulis vun de roude Rommlen zerwéieren.