Inline Skate
Inline Skate
Interessant Infos
De Jean-Joseph Merlin gëllt als den Erfanner vun de Rollschung. Em 1760 gouf et schonns déi 1. Rollschung an am Laf vun de Joere goufen ëmmer erëm nei Modeller entwéckelt.
Em 1990 gräift d’Firma Rollerblades den op kommenden Trend op a vermaarkt hir Inline Skates am grousse Stil. Vrun allem Äishockey-Spiller benotzen d’Inliner als Trainingselement am Summer.
Inline Skates sinn déi modern Variant vun de Rollschung. Sou wei d’Wuert „Rollschung“ et seet, setzen och Inline Skates sech aus enger Aart Schong mat Rieder zesummen. D’Rieder vun den Inliner sinn an enger Ligne ugeuerdnet, ähnlech wei d’Kuufe bei de Schlittschong, eng weider Variant vun de Rollschung.
Et gi verschidden Aarten un Inline Skates, déi ënnerschiddlech genotzt ginn:
- Hardbootskates
- Softbootskates
- Hockeyskates
- Speedskates
- Streetskates
- Offroad-/Cross-Skates