Skating
Skating
Interessant Infos
“Surfbrieder fir d’ Strooss”, sou gouf de Virgänger vum Skateboard genannt. Säin Ursprong huet et a Kalifornien em d’50er Joeren. Deemools war et de Remplaçant fir d’Surfboard bei schlechtem Wellegang. Duerno ass en Hype op d’Skateboarden ausgebrach.
Aus dem laange Briet, un dat 2 Achse mat 4 Rulle genoolt goufen (Longboard), ass Streetskateboarden entstan. D’ Brieder goufe gekierzt, sou waren dann och Tricke méiglech (Streetskate).
D’Skater presentéieren Tricken op allem wat hinne beim fueren entgéintkënnt, wei z.B Maueren, Bänken, Trapen, asw.