Gromperen am Uewen mat Gewierzer
Gromperen am Uewen mat Gewierzer
einfach
60 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- Gromperen (3 pro Persoun)
- Olivenueleg
- Salz
- Peffer
- Provence Kraider oder aner Kraider wéi zum Beispill Këmmel
Preparatioun:
- Grompere wäschen an eng Kéier “längs” duerchschneiden.
- Bakblech mat Olivenueleg begéissen.
- Grompere mat der Schnëtt Säit no enen op d’ Bakblech leeën.
- Bei 200°C am Uewe baken, bis dass se mëll sinn.
- Ëmdréinen a mat Gewierzer no Geschmaach bestreeën.
- 5 Minutte fäerdeg bake loossen.
