Summer Challenge

Wourëm geet et beim Summer Challenge?

Beim Summer Challenge handelt sech eng Variant vun Spiller ouni Grenzen bei deem Jonker a Gruppe vun 3-6 Persounen wärend 3 Stonnen géinteneen untrieden. Dobäi versiche si bei de verschiddenen Erausfuerderunge ewéi Geschécklechkeetsparcours, Präzisiounsspiller oder actionräichen Challengen Punkten ze sammelen. Am Mëttelpunkt steet de Spaass an den Teamgeescht, woubäi och gesond Ernärung eng wichteg Roll spillt.

  • D’Summer Challenge fënnt tëscht 9:30 an 14:30 statt. Ausser den 23.05, den 27.06 an den 17.07 fennt den Summer Challenge tëscht 10:30 am 15:30 statt. Wärend dem Challenge gëtt all Participant Uebst proposéiert. D’Ekippe kënnen autonom decidéiere wéi oft a wéi laang si sech un deene verschiddenen Aktivitéite wëlle probéieren. Dës sinn och esou opgebaut datt all Member vun der Ekipp seng perséinlech Stäerkte kann abréngen. 

  • Dëst Event setzt de Fokus op :

    • den Teamgeescht,
    • d’Autonomie vun der Ekipp,
    • d’Méiglechkeet fir all Participant sech individuell anzebréngen.
    • Geschécklechkeetsparcours,
    • Präzisiounsspiller,
    • Denkaufgaben,
    • Actionräich Challengen.
    • Präis : D’Event ass gratis!

    Sidd och Dir bei dësem Erliefnis mat dobäi!