Summer Challenge

Wourëm geet et beim Summer Challenge?

Loscht, aktiv ze sinn, Spaass ze hunn an iwwer Iech selwer erauszewuessen? De Summer Challenge ass en Dag voller Energie, Spaass a spannenden Erausfuerderungen am Team!

Um Programm stinn eng 20 verschidde sportlech a spilleresch Aktivitéiten, bei deenen dir Är Geschécklechkeet, Är Schnellegkeet, Är Präzisioun an Äre strategesche Kapp ënner Beweis stelle kënnt. Hindernisparcoursen, Denkaufgaben, Geschwindegkeetsprüfungen a villes méi – hei ass fir jiddereen eppes dobäi!

Stellt Äert Team vun 4 bis 5 Persounen zesummen, gitt Äert Bescht a schafft zesummen, fir esou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen. All Talent zielt, all Challenge kann den Ënnerscheed maachen an all Punkt bréngt Iech dem Summe Challenge Podium e Stéck méi no!

Also, sidd dir prett, d’Erausfuerderung unzehuelen? Kommt laanscht, erlieft onvergiesslech Momenter, moosst Iech mat deenen aneren Equippen a virun allem: Hutt zesummen eng flott Zäit an enger frëndlecher Atmosphär, an där de Spaass, den Teamgeescht an déi sportlech Competitioun  am Mëttelpunkt stinn.

  • D’Summer Challenge fënnt tëscht 9:30 an 14:30 statt. 

    All Ekipp bestëmmt hiren eegene Parcours an hir Strategie: Wéi eng Erausfuerderunge gi si un? Wéi dacks probéiere si se? A wéi vill Zäit huele si sech dofir? Eng nei Erausfuerderung entdecken oder e Challenge nach eng Kéier probéieren fir de Punktewäert ze verbesseren? All Ekipp huet et selwer an der Hand déi richteg Entscheedungen ze treffen an esou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen!

  • Dëst Event setzt de Fokus op :

    • Geschécklechkeet, Schnellegkeet a Präzisioum,
    • den Teamgeescht,
    • Strategescht Denken.
    • Hindernisparcoursen,
    • Geschwindegkeetsprüfungen,
    • Denkaufgaben,
    • Präzisiounsspiller.
    • Präis : D’Event ass gratis!

    Sidd och Dir bei dësem Erliefnis mat dobäi!