Eng gesond Ernährung bedeit eng Variatioun u Liewensmëttel ze iessen, déi eisem Kierper alles ginn wat en braucht fir richteg ze funktionéieren. Dat heescht:
Vill Faarwen um Teller: Uebst a Geméis fir Vitaminnen a Ballaststoffer
Liewensmëttel, déi Energie ginn: Wéi Vollkornnuddelen, Vollkornreis, Gromperen oder Vollkornbrout
Proteinnen, fir staark ze sinn: Fleesch, Fësch, Eeër, Mëllechproduiten oder Alternativen wéi Lënsen an Tofu
E bëssen gesond Fetter: Avocadoen, Nëss, Olivenueleg oder fettege Fësch
De Kierper kann ee vergläiche mat engem Auto: E brauch de richtege Brennstoff, fir laang a gutt ze funktionéieren. Genee esou brauch de Kierper déi richteg Nährstoffer.
Wichteg: Gesond iessen heescht net, datt ee sech alles verbidde muss! Heiansdo Séissegkeeten oder Chips sinn erlaabt, mee net ze oft, well de Kierper se net wierklech brauch.
Konkret, eng ausgeglache Ernährung an Molzecht kéinten sinn :
Eng equilibréiert Moolzecht: En Teller mat Poulet (Proteinnen), Vollkornreis (Energie) an gréng Iebessen (Ballaststoffer a Vitaminnen)
Eng gesond Tëschemoolzecht: En Apel mat e bëssen Kéis oder eng handvoll Nëss