
Published on:
16/05
De “Functional Training” ass eng Trainingsmethod, déi sech op natierlechen a funktionelle Beweegunge baséiert – wéi drécken, zéien, sprangen, droen oder sech hocken. Dës Übunge ginn dacks mam Kierpergewiicht, Hantelen, Bäll oder aner einfachen Equipementer gemaach.
Well bei dësen Übunge gläichzäiteg verschidde Muskelen ugeschwat ginn, verbessert de “Functional Training” d’Koordinatioun, d’Kraaft, d’Gläichgewiicht an d’Beweeglechkeet. Et kann einfach un d’Fäegkeeten an d’Besoine vun all Persoun ugepasst ginn – egal ob Ufänger(in) oder jonk erfuerene Sportler(in) – a mécht dës Trainingsform fir jiddereen zougänglech a sënnvoll.
Virdeeler:
De Workshop ” Functional Training” ass eng vun den Haaptaktivitéite vun der GoodFoodLoop-Tour. Hei kënnen déi Jonk verschidde funktionell Übungen ausprobéieren, déi gläichzäiteg verschidde Muskelgruppen uspriechen. Ënnert der Leedung vun engem Expert am “Functional Training” kréien déi Jonk personaliséiert Tipps an Übungen, déi u jidderengem säi Fitnessniveau ugepasst sinn.