Workshop Skateboard

Skateboard fueren ass eng erausfuerderend Aktivitéit, déi Spaass, kierperlecht a mentaalt Wuelbefanne vereent. Gläichzäiteg fërdert e sozial Interaktiounen a Kreativitéit. Virdeeler sinn also:
  • Gläichgewiicht a Koordinatioun
  • Kraaft a Konditioun
  • Selbstvertrauen
  • Gemeinschaftsgefill
  • Kreativitéit
De Skateboard-Workshop ass eng vun den Aktivitéiten am Kader vun der GoodFoodLoop-Tour. Hei léieren déi Jonk Grondlage vum Skateboarden an entwéckelen hir éischt Fäegkeete fir Basis “tricks” ze beherrschen. Si ginn ënnerstëtzt vun erfuerene Skater, déi Gewunnecht hu mat Jonken ze schaffen. Si begleeden d’Participante mat Übungen, déi u si ugepasst sinn – egal ob Ufänger*in oder schonn erfueren.

Related articles

  • Summer challenge 26 op méi Plazen am Land

    Published on:
    11/03

  • GoodFoodLoop-Tour 2026 - Umeldunge sinn op

    Published on:
    11/03

  • Summer challenge ab 2026 gratis!

    Published on:
    11/03