Workshop Kachen

Am Kachatelier vun der GoodFoodLoop-Tour léieren déi Jonk einfach, gesond a lecker Rezepter ze preparéieren. Zesummen entdecken si wéi ee kleng Snacks mécht – wéi Powerballs, gesond Muffins oder erfrëschend Smoothien. Eng Ernärungsberoderin ass dobäi fir déi Jonk wärend dem ganze Workshop ze begleeden an ze ënnerstëtzen. D’Iddi hannendrun ass ze weisen, dass gesond Iessen net komplizéiert ass: et ka schnell goen, Spaass maachen a gutt schmaachen! D’Zil ass, dass jidderee Tipps a Loscht mat heem hëlt, fir och doheem ausgeglach ze kachen. Wat léieren d’Participanten:
  • Gesond Iesse kenneléieren
  • Bewosst Liewensmëttel eraussichen
  • Selbststännegkeet an der Kichen entwéckelen
  • Gutt Gewunnechte fir d’Zukunft adoptéieren

Related articles

  • Summer challenge 26 op méi Plazen am Land

    Published on:
    10/03

  • GoodFoodLoop-Tour 2026 - Umeldunge sinn op

    Published on:
    10/03

  • Summer challenge ab 2026 gratis!

    Published on:
    10/03