Back

Challenge "Loop"

  • 1. Burpee Challenge: Iwwertrëff dech all Dag!

    Bass du bereet fir en intensiven Challenge? Fänk mat 4 Burpees den éischten Dag un a maach der all Dag 2 dobäi. An enger Woch bass du schonn bei 16! Weis, wat an dir stécht!

  • 2. Squats mat Musek: Beweeg dech op "Flower" vu Moby!

    E sportlechen Challenge op Musek? Maach d’Lidd “Flower” vu Moby un, géi an de Squat bei “Sally down” a komm erop bei “Sally up”. Just ee Lidd pro Dag: An engem Mount hues du schonn 900 Squats gemaach. Wëlls du et probéieren?

  • 3. Vëlo Challenge: Gëff de Pedalléier-Champion oder d'Championne!

    Looss deng Autos- an/oder Busfaarten op der Säit a klamm op de Vëlo fir all deng Trajeten: Schoul, Frënn, Akafen,… Sammel all Dag Kilometer. Bass du prett dësen Challenge unzegoen?

  • 4. Strëmp Challenge: Do se aus - ouni Hänn!

    Kanns du deng Strëmp ausdoen ouni d’Hänn ze benotzen? Ze einfach? Probéier et mol am setzen, am Kappstand oder souguer am Handstand!

  • 5. Seelsprangen Challenge: Sprang dech erëm a Form!

    Huel däi Sprangseel eraus an trainéier all Dag 1 Minutt. No 30 Deeg test de, wéi vill dass du um Stéck sprange kanns. Du wäerts jiddereen beandrocken!

  • 6. Trapen Challenge: Géi all Dag 100 Träppleker erop!

    Huel d’Trapen, net de Lift, a géi all Dag 100 Träppleker erop. Am Ufank schéngt et einfach, mee waart bis dass du d’Resultater no e puer Wochen gesäis ! Fir e weideren Challenge: Huel 2 Träppleker gläichzäiteg!

  • 7. Zännbiischt Challenge: Muskele kréien am Buedzëmmer!

    Maach Übungen fir deng Wueden wärend s du deng Zänn wäschs: Stell dech op d’Zéiwespëtzen a géi dann lues erop an erof. Oder probéier op engem Been d’Gläichgewiicht ze halen a wiessel d’Been an der Hallschent.

  • 8. Stull Challenge: Beweeg dech - och vum Stull aus!

    • Stéi 5 Mol vum Stull op ouni deng Hänn ze benotzen
    • Am sëtzen: hiew deng Knéien ofwiesselnd Richtung Broscht
    • Am sëtzen: Maach 10 Kreesser mat de Schëlleren no vir an dann no hannen
  • 9. Konzentratioun s Challenge: Beweeg dech an den Pausen!

    Du brauchs een Boost fir deng Konzentratioun? Maach eng Paus a probéier dat heiten:

    • 10 Squats virum Stull
    • Streck deng Äerm an d’Luucht a béi dech lues no lénks an dann no riets (5 Mol op all Säit)
    • Dréi deng Hand- a Foussgelenker 5 Mol an all Richtung
  • 10. Waarden Challenge: Notz all Moment!

    Stéi net einfach do ouni eppes ze maachen:

    • Gläichgewiicht op engem Been: 30 Sekonnen an dann wiessel s du d’Been
    • Säitlech Beenhiewen: Hief all Been 10 Mol op d’Säit
    • Zéiwespëtzen-Übung: Stell dech op d’Zéiwespëtzen, bléif e puer Sekonnen an dann geess du erof (15 Mol)
  • 11. Reklamm Challenge: Kee verluerenen Moment!

    Notz d’Reklammen fir dech ze beweegen: Maach 10 Push-ups, 15 Jumping Jacks oder 1 Minutt Plank. D’Reklammen wäerten dir ni méi laang virkommen!

  • 12. Virum schlofen: Entspan dech a Rou a gemitterlech

    Probéier eng vun dëse Positiounen virum schlofen:

    • D’Yoga-Positioun vum Kand oder vum Hond mam Kapp no ënnen (jeeweils 1 Minutt)
    • Maach 10 lues Deenungen fir de Réck
    • Lee dech op de Réck an zéi deng Knéien bei d’Broscht fir Verspaanungen lasszeginn
  • 13. Gläichgewiicht s Challenge

    Lee e Buch oder en aneren Géigestand op däi Kapp a maach eng Ronn duerch d’Stuff ouni dass eppes eroffällt. Ze einfach? Probéier dech méi séier ze beweegen!

  • 14. Danzen an der Kichen: Beweeg dech wéi wa keen dir géif nokucken!

    Maach deng Liblingsmusek un an danz wéi verréckt fir 2 Minutten wärend s du kachs. Do ass d’Stëmmung garantéiert!

  • 15. Spadséier Challenge: Wiel ëmmer de längste Wee!

    Fir an d’Schoul, bei Frënn oder op d’Aarbecht: Huel de längste Wee. Méi Schrëtt, méi Kalorien verbrannt, méi Challengen gepackt!

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.