Lampertsbierg Sall Victor Hugo (11.11.25 - 15.11.25 et 17.11.2025-21.11.2025)
Ënnert der Woch : Fir Lycéesschüler.
Samsdes : Fir Jugendgruppen (12+ Joer).
D’Aktivitéite fanne vun 9:00 bis 15:30 statt, mat enger Mëttespaus wou d’Participanten e gesond a vollwäerteg Iessen ugebuede kréien.
Themen an Ziler :
Dës Tournée setzt de Fokus op :
Sport a Beweegung,
Eng gesond Ernärung,
Internt Gläichgewiicht.
Iwwer den Dag verdeelt profitéieren déi Jonk vun dësen Offeren :
Yoga,
Kachatelier,
Danz,
Functional training,
Skateboard.
D’Zil ass et déi Jonk ze motivéieren ee gesonden a ausgeglachene Liewensstil unzehuelen.
Informatiounen a Reservatioun :
Dës Tournée kascht : 160 € pro Klass. Verpasst dës eenzegaarteg Geleeënheet net!