Sportlech Beweegung - wisou a wéi vill?

Firwat?

Beweegung am Alldag ass wichteg, fir gesond ze bleiwen. Sech all Dag ze beweegen hëlleft d’Häerz, d’Muskelen an d’Knachen ze stäerken, d’Laun an d’Konzentratioun ze verbesseren a Gesondheetsproblemer wéi Iwwergewiicht, Diabetes oder Gelenkschmerzen ze vermeiden.

Sech genuch ze beweegen ass dat wichtegst : trëppelen, mam Vëlo fueren, danzen oder d’Trapen huelen amplaz vum Lift – alles zielt!

Wéi vill?

D’WHO recommandéiert de Kanner a Jugendlecher vu 5 bis 17 Joer op d’mannst 1 Stonn den Dag aktiv ze sinn. Dovunner sollen op d’mannst 3 Mol d’Woch Aktivitéite sinn, déi d’Muskelen an d’Knachen stäerken. Wat een sech méi beweegt, wat et besser ass! (Kuck: WHO-Richtlinnen)

Maach dir keng Suerge wann’s du net all Dag op 60 Minutte kënns, all Beweegung zielt. Du sichs no Motivatioun : Apps, Musek, Influencer… du hues d’Wiel!

Mat der GoodFoodLoop-Tour kriss du d’Méiglechkeet vill verschidde Sportaarten ze entdecken. Vläicht fënns du eppes, wat dech begeeschtert a wouduerch s du dech richteg wuel fills.

Denkt drun: Et ass net schlëmm, wann s du net all Sportaart gären hues. Dat Wichtegst ass, eng Aktivitéit ze fannen déi dir Spaass mécht an dech motivéiert drun ze bleiwen!

Related articles

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.