
Published on:
16/05
Hei entdecks de perséinlech Challenge ronderëm eng gesond Ernärung an “mindful eating” (bewosst Iessen). Dës Aktivitéiten hëllefen der, deng eege Besoine besser ze verstoen, gesond Gewunnechten unzegewinnen an eng positiv Bezéiung zum Iessen opzebauen.
“Mindful eating” bedeit d’Iesse bewosst ze erliewen: all Moolzecht ze genéissen, am Moment ze sinn, op däi Kierper ze lauschteren an d’Gefiller vun Honger a Siedegung ze erkennen. All Challenge ass eng Geleeënheet einfach a flott Weeër ze entdecken, fir däi Kierper an däi Geescht ze ernären – an dat am Respekt vun dengem eegene Besoin.
Beispiller:
Bei engem Iessen den Dag, iess ouni Oflenkung (keen Ecran, keen Telefon). Konzentréier dech op de Goût, d’Textur an d’Gefiller beim Iessen. Knae lues, lee däi Forschett tëschent de Bëss erof a lauschter op däi Kierper: Wann en der seet “Ech si voll”, da stopp.
Maach all Dag op mannst eng Moolzecht mat 5 verschidde Faarwen aus Uebst a Geméis. Variéier d’Texturen, d’Goûten a probéier nei Liewensmëttel aus!
Ersetz eng Woch laang zockerhalteg Produiten (Pâtisserien, Limonaden…) duerch natierlech Alternativen: frëscht Uebst, Naturjoghurt mat engem Läffel Hunneg oder schwaarze Schockela. Kuck wéi däin Energielevel sech ännert.
Drénks all Dag op mannst 1,5 Liter Waasser. Klengen Tipp: Huelt eng Fläsch bei dech a verfeiner d’Waasser mat Scheiwen Zitroun, Stécker Kornischong oder Peffermënzblieder – fir méi Geschmaach.