“Mindful eating” oder “bewosst Iessen” bedeit seng Opmierksamkeet op dat ze leeë wat een ësst, wéi een ësst a wéi ee sech wärend dem Iesse fillt. Et geet drëms am Moment präsent ze sinn, ouni Oflenkungen, fir all Bëss besser kënnen ze genéissen.
Am Plaz vu séier an oniwwerluecht z’iessen, geet et beim mindful eating drëms:
- Sech Zäit ze huele fir Goût, Textur a Geroch vum Iessen ze entdecken
- Op säi Kierper ze lauschteren, fir ze spiere wéini een Honger huet a wéini ee sat ass
- Am Moment ze sinn, ouni un eppes anescht ze denken oder um Handy ze sinn
Wéi kann een dat am Alldag ëmsetzen?
- D’Forschett tëschent de Bëss ewechleeën
- D’Televisioun ausschalten oder de Smartphone ewechleeën
- Lues an- an ausootme befiert ee weider ësst fir sech zeréck an de Moment ze bréngen
Sou kann aus engem einfachen Iessen e richtege Moment vu Wuelbefanne ginn.
Konkret Übung:
Stell der vir du ëss e Stéck Schockela. Beim mindful eating géifs de:
- D’Faarf vum Schockela kucken
- Drun richen ier du en an de Mond mëss
- Et am Mond lues schmëlze loossen a säi Goût voll genéissen
- Bewosst spieren, wéi vill Freed der dëse Moment mécht
Dat hëlleft der méi bewosst z’iessen a deng Verbindung zum Iessen nei ze entdecken.
Virdeeler:
- D’Iesse méi bewosst genéissen
- Besser op säi Kierper lauschteren
- Stress reduzéieren
- Bewosst a gesond Entscheedungen zum Iessen treffen.