Workshop Kachen

De Kachatelier, deen Deel vun der GoodFoodLoop-Tour ass, ass eng lëschteg an edukativ Aktivitéit, wou déi Jonk léieren einfach, gesond a lecker Rezepter ze preparéieren. Zesummen entdecken si wéi ee kleng Snacke mécht – wéi Powerballs, liicht Muffins oder erfrëschend Smoothien.

Eng Ernärungsberoderin ass dobäi fir déi Jonk wärend dem ganze Workshop ze begleeden an ze ënnerstëtzen.

D’Iddi hannendrun ass ze weisen, dass gesond Iessen net komplizéiert ass: et ka schnell goen, Spaass maachen a gutt schmaachen! D’Zil ass, dass jidderee Tipps a Loscht mat heem hëlt, fir och doheem ausgeglach ze kachen.

Wat léieren d’Participanten:

  • Gesond Iesse kenneléieren
  • Bewosst Liewensmëttel eraussichen
  • Selbststännegkeet an der Kichen entwéckelen
  • Gutt Gewunnechte fir d’Zukunft adoptéieren

Related articles

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.