- Ënnert der Woch ass d’Zielgrupp : Lycéesschüler
- Samschdes ass d’Zielgrupp : Jugendgruppen
D’Aktivitéite fanne vun 9:00 bis 15:30 statt, mat enger Mëttespaus wou d’Participante e gesond a vollwäerteg Iessen ugebuede kréien.
Themen an Ziler :
Dës Tournée setzt de Fokus op :
- Sport a Beweegung,
- Eng gesond Ernärung,
- Internt Gläichgewiicht.
Iwwer den Dag verdeelt profitéieren déi Jonk vun dësen Offeren :
- Yoga,
- Kachatelier,
- Danz,
- Functional training,
- Skateboard.
D’Zil ass et déi Jonk ze motivéieren ee gesonden a ausgeglachene Liewensstil unzehuelen.
Informatiounen a Reservatioun :
Dës Tournée kascht : 160 € pro Grupp. Verpasst dës eenzegaarteg Geleeënheet net!