Salzeg Geméiswaffel

PORTIOUN : 4

PREPARATIOUN : 15 Minutten

BAKZÄIT : 3-4 Minutten

ZUTATEN

  • 1 mëttelgrouss Gromper
  • 1 kléng Muert
  • ½ Porrett (de wäissen Deel)
  • 100 g Cottage Cheese
  • 1 Ee
  • 50 g Vollkarmiel
  • 30 g gerappten Emmentaler
  • ¼ Téiläffel Knuewelekpolver
  • Salz a Peffer

ZOUBEREEDUNG

  • D’Gromper an d’Muert schielen. D’Porrett grëndlech wäschen.
  • D’Porrett der Längt no halbéieren an a dënne Sträifen schneiden.
  • D’Gromperen an d’Muerten mat enger Rapp dënn raspelen. 
  • Den Cottage Cheese an d’Ee an enger grousser Schossel verréieren.
  • D’Miel an de gerappten Emmentaler dobäi ginn an gutt vermëschen.
  • Déi gerappte Muerten, d’Gromper an d’Porrett dobäi ginn. Dat Ganzt mat Kuewelekpolver, Salz a Peffer würzen an alles gutt vermëschen.
  • De Waffeleisen virhëtzen. Ongeféier 2 Zoppeläffel Deeg pro Waffelform dran maachen. Alles 3 bis 4 Minutten baken, bis et eng schéin Faarf huet.

Eroflueden vum Rezept : Salzeg Geméiswaffel

Related recipes