2 Zoppeläffel Kakuette-Botter oder Kakuette-Purée (50 g)
2 Zoppeläffel Ahornsirop (30 g)
2 Téiläffel Hief
125 g Molbieren
ZOUBEREEDUNG
Den Uewen op 180°C virhëtzen.
D’Huewerflacken an engem Mixer zu engem feine Polver mixen.
D’Bananne mat enger Forschett zerdrécken a mam Ee, dem Skyr, dem Kakuette-Botter an dem Ahornsirop vermëschen. Déi gemuelen Huewerflacken an d’Hief dobäiginn a gutt vermëschen, bis eng glat Mass entsteet. D’Molbiere virsiichteg ënnerhiewen.
D’Mass op 12 Muffinsformen verdeelen an ongeféier 30 Minutten am gehetzten Uewe baken.