Bananne Muffins mat Molbieren
PORTIOUN : 12
PREPARATIOUN : 15 Minutten
BAKZÄIT : 30 Minutten
ZUTATEN
- 150 g Huewerflacken
- 2 zeideg Banannen
- 1 Ee
- 150 g Skyr, Naturjughurt, Quark oder Sojajughurt
- 2 Zoppeläffel Kakuette-Botter oder Kakuette-Purée (50 g)
- 2 Zoppeläffel Ahornsirop (30 g)
- 2 Téiläffel Hief
- 125 g Molbieren
ZOUBEREEDUNG
- Den Uewen op 180°C virhëtzen.
- D’Huewerflacken an engem Mixer zu engem feine Polver mixen.
- D’Bananne mat enger Forschett zerdrécken a mam Ee, dem Skyr, dem Kakuette-Botter an dem Ahornsirop vermëschen. Déi gemuelen Huewerflacken an d’Hief dobäiginn a gutt vermëschen, bis eng glat Mass entsteet. D’Molbiere virsiichteg ënnerhiewen.
- D’Mass op 12 Muffinsformen verdeelen an ongeféier 30 Minutten am gehetzten Uewe baken.
Eroflueden vum Rezept : Bananne Muffins mat Molbieren