Dattel Snickers
PORTIOUN : 4
PREPARATIOUN : 15 Minutten + 10 Minutten am Frigo
ZUTATEN
- 4 Medjool Dattelen, entkäert
- 1 Téiläffel Kakuette-Botter
- E puer Kakuetten
- 20 g donkele Schockela
ZOUBEREEDUNG
- De Schockela an en enger Schossel iwwert kachendem Waasser schmëlze loossen.
- An där Zäit d’Dattele mat Kakuette-Botter an 1 bis 2 Kakuette fëllen a se virsiichteg zoumaachen.
- Mat enger Forschett déi gefëllten Dattelen an de geschmolte Schockela dauchen a se op ee Gitter oder en Teller mat Bakpabeier leeën.
- Am Frigo fest gi loossen.
Eroflueden vum Rezept : Dattel Snickers