Einfach Banannenwaffelen

PORTIOUN : 4

PREPARATIOUN : 15 Minutten

BAKZÄIT : 3-4 Minutten

ZUTATEN

  • 1 räif Banann
  • 1 Ee
  • 4 Zoppeläffel Mëllech (60 ml)
  • 75 g Vollkarmiel 
  • 1 Téiläffel Bakpolver
  • 25 g Schockela

ZOUBEREEDUNG

  • D’Banann schielen an an enger grousser Schossel mat enger Forschett z’erdrécken.
  • D’Mëllech un d’Ee dobäi ginn an verréieren.
  • D’Miel an de Bakpolver dobäi ginn an alles zu engem glaten Deeg verréieren.
  • De Schokola dobäi ginn an ënnert den Deeg mëschen.
  • De Waffeleisen virhëtzen. Ongeféier 2 Zoppeläffel pro Waffelform dran maachen.
  • D’Waffelen 3 bis 4 Minutten baken, bis dass se eng schéin Faarf hunn.

Eroflueden vum Rezept : Einfach Banannenwaffelen

Related recipes