Huewerflacke Cookies
PORTIOUN : 7-8 Cookies
PREPARATION : 25 Minutten
ZUTATEN
- 1 zeideg Banann
- 125 g Huewerflacken
- 50 g Nëss
- 25 g Rosénge
- 1 Zoppeläffel Kanéil
- 25 g donkele Schockela
- 2 Zoppeläffel Äppelkompott
ZOUBEREEDUNG
- Den Uewen op 180 °C virhëtzen.
- D’Banann mat enger Forschett zerdrécken.
- D’Nëss an de Schockela fein hacken.
- All d’Zutaten an enger Schossel gutt vermëschen.
- Mat den Hänn kleng Cookië formen a se op e Bakpabeier beluechte Blech leeën.
- Fir 10 bis 15 Minutte bake bis se liicht gëlle sinn.
Eroflueden vum Rezept : Huewerflacke Cookies