Huewerflacke Kichelcher
PORTIOUN : 7-8 Kichelcher
PREPARATIOUN : 25 Minutten
ZUTATEN
- 2 zeideg Bananne
- 2 Tasen Huewerflacken (ongeféier 160 g)
- 2 Zoppeläffel Chia-Somen
- 2 Zoppeläffel Mandel-Mus oder Nëss-Botter (z. B.Kakuette-Botter)
ZOUBEREEDUNG
- Den Uewen op 180 °C virhëtzen.
- E Bakblech mat Bakpabeier ausleeën.
- D’Bananne zerdrécken an zesumme mat den Huewerflacken, Chia-Somen a Mandel-Mus grëndlech vermëschen.
- Deen Deeg a kleng Portiounen op d’Bakblech verdeelen.
- Am gehëtzten Uewe, op der mëttelster Schinn, fir 10 Minutte bake bis d’Kichelcher gëllen a liicht knuspereg sinn.
Eroflueden vum Rezept : Huewerflacke Kichelcher