Grénge séisse Smoothie
PORTIOUN: 1
PREPARATIOUN : 5 Minutten
ZUTATEN
- ½ Avocado
- ½ Banann
- ¼ frësch Mango oder 70 g gefruere Mango
- 1 Handvoll Spinat
- 300 ml Vollmëllech
- 2 entkäert Dattelen
ZOUBEREEDUNG
- D’Avocado an der Mëtt duerchschneiden, de Kär ewechhuelen a mat engem Läffel d’Fleesch vun der Fruucht eraushuelen.
- D’Banann schielen.
- D’Mango schielen an d’Fleesch vun der Fruucht vum Kär trennen.
- All Zutaten an e Mixer ginn a gutt mixe bis eng glat a cremeg Textur entsteet.
- De Smoothie an e Glas schëdden a genéissen.
Eroflueden vum Rezept : Grénge séisse Smoothie