Gefëllte Räisblieder

PORTIOUN : 1

PREPARATIOUN : 10 Minutten

BAKZÄIT : 30 Minutten

ZUTATEN

  • 1 Räisblat
  • ⅓ Apel
  • Eng Prise Kanéil
  • 10 g gedréchent Roséngen
  • oder
  • ½ Banann
  • 15 g Schockela (oder anert Uebst)

ZOUBEREEDUNG

  • Eng Schossel oder en déiwen Teller mat kalem Waasser fëllen.
  • E Räisblat e puer Sekonne laang am Waasser aweeche loosse bis e mëll a formbar ass.
  • D’Blat op enger propperer Uewerfläch leeën (zum Beispill op engem Schneitbriet oder engem Teller).
  • D’Zutate kleng schneiden an an d’Mëtt vum Räisblat leeën.
  • D’Säiten aklappen an d’Blat virsiichteg oprulle fir e kleng Rull ze bilden.
  • Déi Rull bei 180 Grad am Uewen fir 30 Minutte baken.

Eroflueden vum Rezept : Gefëllte Räisblieder

Related recipes

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.